de lu   fr   de de   en gb

IWWERT EIS

Dem Mierscher Folklorgrupp Vallée des Sept Châteaux ass et wichteg dat immateriellt Kulturlierwen (Intangible Cultural Heritage) ze erhalen a weider ze vermëttelen. D’Volleksdänz, déi gewise ginn, stamen aus dem spéide Mëttelalter bis Enn vum 19. Joerhonnert a sinn hei zu Lëtzebuerg an der Ëmgéigend, dem fréieren Herzogtum Lëtzebuerg, gedanzt ginn. Déi meescht vun den Dänz stamen aus dem 18. an dem 19. Joerhonnert.

De Mierscher Folklorgrupp versicht ënnert dem moderne Slogan Lët'z Folk (Lëtzebuerger Folklor) des Dänz sou authentesch wéi méiglech virzedroen.

De Grupp ass 1952 bei der Gelegenheet vun engem historeschen Emzug zu Miersch gegrënnt ginn.

Et waren Dänz, déi op de Bauerekiermesse gedanzt goufen, wéi de Karschnatz oder de Stréinen Hunn. Anerer goufen um Haff gedanzt oder kommen aus der Bourgeoisie, wéi déi ronn oder véiereckeg Maclotte. Op der Kiermes ass beim Danze geflirt ginn an och gestridden, sou zum Beispill an der Valse Rosse. D’Jongen hunn imponéiert an d’Meedercher hu verfouert. Um Numm vu verschiddenen Dänz héiert ee wou se hierkommen, wéi d’Maclotte d’Hâbièmont oder de Contredanse de Bastogne. Am Programm sinn och Kannerdänz, déi haut nach an der Grondschoul geüübt ginn, wéi de Schleek oder de Siwesprong. De Folklorgrupp huet eng 25 Dänz a sengem Repertoire. Déi meescht Figuren an den Dänz si mëndlech iwwerliwwert ginn, a gi vu Regioun zu Regioun verschidden opgefouert.

D'Kostümer si Reproduktiounen déi op Basis vu Recherche vum Historiker Alain Atten erstallt goufen. Et sinn traditionell Kleeder aus dem 18. Joerhonnert.

Den Uschloss un d'CIOFF®, den Internationale Conseil d'Organisatioun vu Folklor Festivallen a Folk Arts, huet den Dänzer d'Méiglechkeet gi fir déi gréisste Volleksfester vun der Welt a méi wéi 40 Länner, als Vertrieder vun der eelster Form vum kulturelle Liewe vu Lëtzebuerg, ze besichen. Am Retour ware méi wéi 35 Natiounen Gaascht zu Miersch. De Grupp ass elo mat der CIOFF® International duerch d'UGDA, der Union Grand-Duc Adolphe verbonnen.

Lëtzebuerg am Häerz vun Europa

Lëtzebuerg ass e richtegt Vakanzeland, mat engem agreabele Klima, an huet eng Rei vu wichtegen Zäitzeien aus vergaangener Zäit. Schlässer, Buergen a Kierchen si suergfälteg an exemplaresch restauréiert ginn. Markéiert Wanderweeër féieren wéi een Netz duerch d‘ganz Land. D'Groussherzogtum Lëtzebuerg ass politesch en onofhängege Staat mat enger konstitutioneller Monarchie, aus dem Haus Nassau. De Groussherzog Henri, den aktuellen Herrscher, koum am Oktober 2000 op den Troun. Hien ass bestuet mat der Prinzessin Maria-Teresa. D'Bevëlkerung besteet bal aus 640 000 Awunner.

D'Land ëmfaasst eng Fläch vun 2587 qkm, vun där de Bëschbestand een Drëttel ass. D'Land ass opgedeelt op zwou verschidde geographesch Hallschenten. Am Norden den Ardennerplateau mat senge Bierger an am Süden eng hiwweleg Landschaft genannt d’Guttland. Si ass am Süden vum Minett an am Osten vun der Wäiregioun der Musel ëmfaasst. D'Lëtzebuerger hunn hir eege Sprooch: Lëtzebuergesch. Däitsch a Franséisch schwätzen ee groussen Deel vun der Bevëlkerung. Een Deel vun hinnen schwätzen och Englesch.

Miersch am Häerz vu Lëtzebuerg

De Sëtz vum Folklorgrupp Vallée des Sept Châteaux ass Miersch, d'Haaptstad vun der Gemeng Miersch mat 10 005 Awunner. D'Stad befënnt sech an der Mëtt vum Land, op der Kräizung vun verschiddenen Haapt- an Touristestroossen. Si gëllt als Portal vun dem "Dall vun de siwe Schlässer". Dëse Numm ass entstanen aus de mëttelalterlechen Buergen vu Schëndels, Aansebuerg, Huelmes, Simmer, Käerch an dee zwou vu Miersch. Dëss sinn duerch Wanderweeër a schéi Landschaften mateneen verbonnen. D'Géigend bitt vill ze entdecken. D'Landschaft presentéiert onerwaart Schätz wéi d'Quell vum Hunnebuer oder d'prehistoresch Hielen vu Mamer an Dräibueren, Iwwerreschter vun enger réimescher Villa, de Mëchelstuerm mat engem Klackespill, d‘Kirchen etc. Miersch huet och e klengen Erliefneszentrum mat ëffentlechem Park, eng Schwämm an ee Camping.

August 2021